Vous êtes ici

Formations

1. Juli 2017

Formatioun "Medien mat Jonke benotzen"

De Service National de la Jeunesse organiséiert den 1. Juli d'Formatioun: Medie mat Jonke benotzen.

Si riicht sech un jiddereen deen sech fir Medien interesséiert an deen a sengem Alldag mat Jonken ze dinn huet (Enseignanten, Educateuren etc).

Zil vun dëser Formatioun ass et fir de Participante konkret Beispiller vu Medieprojeten ze weisen, déi mat Jonke gemaach kënne ginn. Dës Projete sinn einfach ëmzesetzen an erfuerdere keng Grondkenntnisser. Während de verschiddene Workshoppen hunn Participante Méiglechkeet déi virgestallte Projete resp. Aktivitéite selwer auszeprobéieren. Sou kréie Participanten zum Beispill een Abléck an de Montage vun engem Film, wéi ee Bewerbungsclips mëscht, wéi ee Greenscreen fonctionnéiert, an nach villes méi.

D‘Formatioun fënnt am Jugendzenter am Mariendall statt an dauert vun 9 bis 16h.

De ganze Programm vun der Formatioun an de Formulaire fir sech anzeschreiwe fann Dir an der Annexe.

Fir weider Informatioune kënnt Dir d'Jenny Schlechter per Mail op jennifer.schlechter@snj.lu  oder per Telefon um 24776426 kontaktéieren.

 

Actualités

Actualités

Le SNJ organise, en partenariat avec le Centre National de l’Audiovisuel (CNA) et dans le cadre du Luxembourg City Film Festival (Luxfilmfest) un concours vidéos pour les jeunes du...

Où nous trouver

Contact

Centre de Jeunesse Marienthal
rue de Keispelt
L-7411 Marienthal
T : 247-76403 

marienthal@snj.lu